titel

 

Säit wéini gëtt et d'Lidderuucht?

Den 11. Abrëll 1984 hu sech e puer Gesangsfrënn, um Fetschenhaff beim Zeutzius zesumme gesat, fir iwwert e neie folkloristesche Gesangveräin ze schwetzen. No deene üblich Ritualien ass dann e Komitee gewielt ginn dee bis zum 1. Januar 1985 déi schwéier Aufgab krut eppes op d’Been ze setzen. 

D'Komiteememberen waren :

President :  Rollinger Neckel

Sekretärin : Fixmer Anni

Keessier :   Goedert Bert

Mat vill Asaz an Aabecht vun alle Sänger an dem éischten Dirigent René Hornick war et méiglech den 12. Dezember 1984 am Sall vum Sang & Klang de Veräin Lidderuucht Lëtzebuerg dem Publikum virzestellen.

Nom René Hornick sengen Iddiën ass dat éischte Bühnestéck geschriwwen ginn.