titel

 
2023 Gruppefoto

De Repertoire vun eise Stecker.

Mir trieden op am Sall oder am Fräien, mëttes oder owes, fir e puer Lidder oder e ganze Concert. Mir fanne bestëmmt zesummen eng Méiglechkeet fir schéin a gemittlech Momenter mat Iech ze verbréngen.

Mir si bereet mat Iech zesummen e Programm ze maachen, den Äre Wënsch entsprécht. Zum Beispill e Potpourri vu Lëtzebuerger Lidder, zesummegestallt an engem Bünewierk. Mir hunn och fäerdeg Programmer.

Mir stellen iech d'Liddertexter zur Verfügung fir datt d'Leit am Sall all matsange kënnen.

Eng Lidder‑Uucht
Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen an zwee Deeler. Op der Bün, eng Stuff aus der gudder aler Zäit mat Spannrad a Kolonnen‑Uewen. Leit déi heekelen a Strécken,liesen d'Zeitung ; de  Bop sëtzt a senger Fotell mam Häns‑chen am Grapp . Zwee Komper erziele Schnoken a Spiichten an de ganze Grupp sengt nei an al Lëtzebuerger Lidder begleet vum Brettelspianist.

Land a Leit
Op der Bün eng Stuff, wou mir mat Iech eng musikalesch Rees mat Anekdoten iwwert d'Ländchen an hir Leit déi dra wunne maachen. Si besteet aus engem Programm vun zwou Stonnen, an zwee Deeler.

Staminet
Op der Bün e Bistro, wou getéint an erzielt gëtt iwwert dat Dagdeeglecht. De Programm dauert zwou Stonnen, an zwee Deeler.

Concert
Mir offréieren Iech e Concert mat engem flotte Potpourri Lëtzebuerger Lidder. D'Dauer vum Concert mat enger oder méi Pause bestëmmt dir.

Bëschfest
Mir sëtzen am Bësch, d'Villercher päifen, d'Vollek séngt an zwee Schnësserten dreiwe Beschass.

Beim Dicks
Mir sëtzen um Knuedler op der Terrass vum Bistro « Beim Dicks ». Et ass Maart. Zwee Schnëssbattie braddelen iwwer Land a Leit a passend dozou gi Lidder vum Dicks gesongen.